Wanneer? Woensdag 07.05.202520:00

D'Melusinnen

Waar? 38, Avenue Charlotte, L-4530 Differdange Theater, film & voorstellingen

D'Melusinnen

Veranstaltungsort: Aalt Stadhaus - Salle de spectacle


Wéi sollt d’Melusina sech fillen, wann et haut liewe géif? Wär hatt eis Grand-Duchesse oder éischter eng Influencerin, déi eis Massage-Ueleg verkafe wéilt? 

Wie wär säi Sigfrid? Den Heng, de Xav, de Serge Tonnar oder iewer de Flavio Becca? An eigentlech hätt et schonn deemools vill léiwer de Sigfrid aus der Nibellungeso gehat, dee géint d’Draache kämpft an ee reegelrechte Playboy war, wéi säi Langweiler vu Feelen, deen him eng ongehëtzt Buedkummer als Prisong op engem verloossene Fiels gebaut hat. Oder wär säi Sigfrid um Enn dach éischter ee Sigfrida? 

A ganz bestëmmt wéilt hatt och net just all 7 Joer eng Kéier opdauchen a verzweifelt op ee männlechen Erléiser hoffen, mee hatt wéilt säi Liewen a vollen Zich genéissen, sangen, danzen a feieren an ni méi un d’Verspriechen an un d’Schwier vun de Männer gleewen.  

Am Joer 2024 brauch Lucilinburhuc definitiv ee Fraekabaret, deen op der Héicht vun der Zäit Stellung zu der Lag vun eiser Bommeleeër*innen-Natioun hëlt. D’Melusinnen erfëllen mat sprëtzeg-frechem Sproochwitz an enger gewoter, feminin-feministescher Büneshow all Är geheimste Wënsch an wëllsten Dreem. 


Zousätzlech Informatiounen

Et spillen: Véronique Kinnen, Noémie Leer, Géraldine Posing, Isabel Bib Wolff
Texter: Josiane Kartheiser, Christiane Kremer, Noémie Leer, Roland Meyer
Musik: Noémie Leer a Georges Urwald
Regie: Roland Meyer


Mehr Infos
Prijsinformatie
vanaf1,50€
Boek ticket
vanaf1,50€
Volgende termijnen
Woensdag 07.05.202520:00

Locatie

Adres: Aalt Stadhaus
38, Avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Op kaart tonen

Crackle

Un court-métrage de Fränk Grotz
Meer informatie

Zidani

Les pingouins à l'aube
Meer informatie

Sebastian Marx

100% in English
Meer informatie

Thomas Marty

Allez, la bise!
Meer informatie

Complet: Thomas Angelvy

Complet: Thomas Angelvy
Meer informatie

Dédo

Nouveau spectacle
Meer informatie

Bib fir Kids

Bib fir Kids
Meer informatie

Bib fir Kids

Bib fir Kids
Meer informatie

Caroline Estremo

Normalement
Meer informatie