Quand ? Samedi 22.03.202520:00

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Où ? 38, Avenue Charlotte, L-4530 Differdange Théâtre, films et spectacles

Independent Little Lies - ILL

Veranstaltungsort:


Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d’Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat hat, datt och Blanner an d’Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen...

Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?

Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z’erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

Zousätzlech Informatiounen

Et spillen: Frédérique Colling a Jacques Schiltz
Text an Inzenéierung entwéckelt a Kollaboratioun mam: Claire Wagener a Maurice Sinner
Bün a Kostüm: Michèle Tonteling
Persoun mat Anung: Antoine Lazzari
Produktiounsleedung: Jill Christophe

Eng Produktioun am Kader vum 30. Anniversaire vun Independent Little Lies - ILL, a Koproduktion mam Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus Differdange a mam CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vun der Stad Esch-Uelzecht.


Mehr Infos
Informations sur les prix
A partir de 1,50€
Réserver un billet
A partir de 1,50€
Dates des prochains événements
Samedi 22.03.202520:00

Lieu

Adresse: Aalt Stadhaus
38, Avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Afficher sur la carte

Dédo

Nouveau spectacle
en savoir plus

Dernières places: Caroline Estremo

Normalement
en savoir plus

Game ovaires

Game ovaires
en savoir plus

Dernières places: Fanny Ruwet

On disait qu'on faisait la fête
en savoir plus

Gérémy Crédeville

Dans L’enquête avec Céline Camara
en savoir plus

De Fox an d’Fonsi retten de Bësch

E Film vum Mascha Halberstad
en savoir plus

Complet: Knuet

Kopla Bunz
en savoir plus

Formation 27H – Danse et Marionnette

Les jeudis 2025
en savoir plus

De Fox an d’Fonsi retten de Bësch

E Film vum Mascha Halberstad
en savoir plus


Contenu délivré par ECHO - Informations sous réserve de modification et sans engagement !

Vous souhaitez annoncer vos manifestations dans l'agenda ? Créez, gérez et publiez vos propres expériences sur www.echo.lu/fr/organiser.