50 Joer Dullemajik
Lëtzebuerger Volleksmusek
2025 feiert den Ensemble Dullemajik säi 50. Anniversaire. Den Ensemble gouf 1975 vum Guy Schons, Sänger, Museker a Kulturhistoriker, gegrënnt. Dullemajik as en aalt Wuert fir Dreh- rep. Radleier, frz: vielle à roue, en historescht Saiteninstrument, dat bis am 19. Joërhonnert bei ons doheem wor.
1976 huet den Ensemble seng éischt LP mam Titel Dullemajik. Lëtzebuerger Volleksmusek publizéiert an ass zënerdeems a ville Länner vun Europa, an den USA, a Japan asw. opgetrueden.
De Repertoire vum Ensemble ëmfaasst Vollekslidder an -dänz aus ville Joërhonnerten, vu stëmmungsvolle Balladen aus der Renaissannce bis zu lëschtegen a satiresche Lidder vum Putty Stein an aneren Auteuren aus dem Ufank vum 20. Joërhonnert.
Museker∙inn∙en :
Gesang, Gitar Guy Schons
Gesang, Flütt Marion Michels
.
Dullemajik Jacqueline Servais
Viola da Gamba Michel Igisch
.
Gesang, Flütt, Klarinett Nadine De Lorenzi-Bissen