De Spada am Stadhaus
Gutt Laun
Veranstaltungsort:
Aalt Stadhaus
Salle de spectacle
E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Variété an Talk. D’Theema fir dës Première ass „Gutt Laun“ an Dir sidd all ageluede matzemaachen a matzeschwätzen, wa Geschicht geschriwwe gëtt. Mir wëssen nach net genau, wéi eng Geschicht, awer et gëtt ganz sécher gutt.
En Owend wéi eng grouss Tut voller Chaos. D’Aktualitéit gëtt kommentéiert an analyséiert; et gëtt gespillt, gelaacht a villäicht souguer gekrasch. Grouss Emotiounen, eng Non-Stop- Live-Performance op der Bün, eng Showband an e wierklech meeschtens okay gelaunte Moderator.
Invitéiert fir déi éischt Editioun „De Spada am Stadhaus” sinn d’Rapperin Nicool, de Mënscherechtsaffekot Frank Wies, d’Tätowéierin Sandra Biewers, dat deen Owend och live tätowéiere wäert, an d’Stand-up- Kënschtlerin Cindy Oliveira. De Moderator a seng Gäscht wäerte keng Geleeënheet ausloossen, fir déi trei Fans vum Kulturzentrum Aalt Stadhaus (hoffentlech) glécklech ze maachen. Livemusek gëtt deen Owend assuréiert vun de „Burrito Bléiser“.